Vu Mäerz bis Oktober hunn all Kanner ab 4 Joer d’Méiglechkeet eise Bauerenhaff 1 mol am Mount ze erliewen.
D’Kanner ginn zu engem feste Grupp a léieren den Alldag um Bauerenhaff kennen.
Doduerch dass si reegelméisseg bei eis kommen, villen si sech séier um Bauerenhaff «Doheem». Si fannen hiert Liiblingsdéier, hier Liiblingsplaz an hier Liiblingsarbecht um Haff.
Zesummen kucke mir wat muss geschafft ginn a verdeelen di villfälteg Aufgaben di all Dag um Bauerenhaff ufalen.
Zum Beispill:
– Eis Déieren:
- Kenneléieren
- Verwinnen
- Fidderen
- Mëschten
- ….
– Eise Gaart:
- Fleegen
- Planzen
- Kraut rappen
- Schmaachen
- …
– Um Feier:
- Kachen
- Baken
- Genéissen
- ….
– An der Scheier:
- Am Hee spillen
- Am Stréi spillen
- An de Käre spillen
- …
– An der Bakstuff:
- Drénken
- Iessen
- Baken
- Bastelen
- ….
A villes villes Méi.
Mir freeën eis zesumme mat äre Kanner ee flotte Projet ze starten.
Mir treffen eis all leschte Samschdeg am Mount vu 1400 – 1700 Auer
– 30. Mäerz 2019
– 27.Abrëll 2019
– 25 Mee 2019
– 29 Juni 2019
– 27 Juli 2019
– 31 August 2019
– 28 September 2019
– 26 Oktober 2019
Et kascht 20€ / Samschdeg
Soubal dir den Total vun 160€ op de Konto vum Knapphaff
BCEELULL IBAN LU57 0019 5255 0577 1000
iwwerwisen hutt ass äert Kand definitiv ugemellt fir bei de Joërskanner matzemachen.