Um Knapphaff

Ferme Pédagogique

Wëllkomm bei eis um Knapphaff !

Eise Bauerenhaff ass eng Schatzkëscht an d’Kanner kréie bei eis d’Méiglechkeet dës Schatzkëscht op hier Manéier ze entdecken a kennenzeléieren.

Ganz nom Motto «Learning by doing» maache mir eis op eng spannend Rees iwwert de Bauerenhaff, loossen d’Rou vun den Déieren am Stall op eis wierken a benotzen heibäi all eis 5 Sënner

Iwwert eis

Eis Famill:

Den Dan: de Bauer vum Haff säit iwwer 25 Joer.
D’Nadine: Schouljoffer am C1 säit 12 Joer.
Am Alldag leiere mir vill, ee vun deem aneren.

Eise Wonsch ass et dass d‘ Kanner di eis um Haff besichen,  spilleresch nei Erfarunge kënne maachen.
Ënnerstëtzt gi mir vun eisen zwee Kanner, dem Lara (8Joer) an dem Leo (6Joer).
Si zwee hëllefe fläisseg mat a si begeeschtert wa Kanner bei eis op de Knapphaff kommen.