Kannergebuertsdag um Knapphaff
Ee flotten an opreegenden Dag fir d’Kanner, hier Elteren an hier Frënn.
Begleet vun eisem Wichtel „Wuschel“ maache mir eis op eng spannend Rees iwwert de Bauerenhaff an hëllefen dem Wuschel zréck a seng Hiel ze kommen.
Mir léieren d’Déiere kennen, däerfen se upaken mëschten an och fidderen.
Mir erliewen d’Kären, d‘Hee an d’Stréi.
An eiser Bakstuff iesse mir zesummen de Gebuertsdagskuch
E puer praktesch Informatiounen:
Et ass méiglech dëse flotten Dag bei eis um Knapphaff ze verbréngen an zwar:
Dënschdes, Donneschdes a Samschdes Nomëttes oder an de Schoulvakanzen ëmmer vu 14:00 bis 17:00 Auer.
De Kuch an d’Gedrénks bréngt dir selwer mat, sou si mer sécher dass et dem Gebuertsdagskand a senge Frënn schmaache wäert.
D’Becheren, d’Telleren an d’Forschetten stelle mir zur Verfügung.